Aller au contenu principal

Wien

kann

mir hëllefen 

?

Wann s du Hëllef brauchs, da schwätz mat engem, deen s du gutt kenns, doriwwer. Vläicht mat dengem Elteren oder mat engem aus denger Famill, engem Noper, ..., den Eltere vun engem Frënd, engem Enseignantan der Schoul oder um Conservatoire. Et kann och en Trainer oder eng Trainerin aus dengem Sportsclub sinn, oder vläicht eng Educatrice oder en Educateur?

Soss gëtt et awer och nach Servicer, déi dir hëllefe kënnen. Hei kanns du se entdecken.

! Wann s du oder eng Persoun, déi s du kenns, Affer vu
Gewalt
ass, da ruff direkt d'Police um
113
KJT - 116111

KannerJugendtelefon (KJT) 

De KJT lauschtert dir no, wat och ëmmer deng Suerge sinn, a beäntwert deng Froen. Uruffen ass gratis, vertraulech an anonym. Du decidéiers, ob s du si iwwer Telefon kontaktéiers oder hinne léiwer schreifs, iwwer hir Online-Assistance oder per Chat. Och deng Eltere kënnen eng anonym a vertraulech Ënnerstëtzung iwwer den Elterentelefon kréien.

Tel. 116 111

okaju - 28 37 36 35

Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU)

Dem OKaJu seng Aufgab ass et, fir d'Rechter vun de Kanner anzetrieden. Du kanns den OKaJu kontaktéieren, wann deng Rechter net respektéiert ginn.

ONE - 247-73696

Den Office national de l’enfance (ONE)

Den Office national de l’enfance (ONE) hëlleft dir, an och denger Famill, wann dat néideg ass, wann dir mat Schwieregkeete konfrontéiert sidd. Du kanns hei psychologesch, sozial oder pedagogesch Ënnerstëtzung kréien, déi kuerz- oder laangfristeg ka sinn.

Planning Familial

De Planning Familial hëlleft dir, deng Decisiounen am Beräich Sexualitéit a Reproduktioun (Verhütung asw.) selbstänneg ze treffen, garantéiert dir en Zougang zu Informatioun, sexueller Opklärung, Gesondheetsdéngschter, a kämpft géint all Zort vun Diskriminatioun oder Gewalt.

Erzéiungs- a Familljeberodung

AFP-Solidarité-Famille a.s.b.l.

De Service Erzéiungs- a Familljeberodung bitt dir an/oder denger Famill bei Bedarf Berodung un. Du kanns mat all Zort vu Problemer oder Suerge bei eis kommen. D’Berodunge sinn nëmmen op Rendez-vous.

Delegéierte fir de Schutz vun de Schüler (Délégué à la protection des élèves - – DPE)

An all Lycée gëtt et en DPE, deen d'Aufgab huet:  

  • de Respekt vun denge Rechter ze fërderen 
  • dech géint all Form vu Mësshandlung a Gefor ze schützen  
  • dech an der Schoul ze beroden an ze ënnerstëtzen  
  • dech iwwer Prozeduren informéieren  
  • Formatiounen iwwer de Schutz vun de Schüler ze organiséieren  

Informéier dech an dengem Lycée! 

CePAS Centre psycho-social et d'accompagnement

Centre psycho-social et d’accompagnement scolaires (CePAS) 

De CePAS bitt psychologesch an therapeutesch Berodungen an Eenzelgespréicher oder a Gruppegespréicher un. D'Berodunge fannen op Rendez-vous statt , se si gratis a vertraulech. Zéck net, dir hiren Internetsite unzekucken, fir méi Informatiounen ze kréien oder Kontakt iwwer de Formulaire opzehuelen. Du kanns si och iwwer Telefon oder per E-Mail kontaktéieren.

SSE – Service Socio-Éducatif

Stell dir eng Plaz an dengem Lycée vir, wou s du dech entspane kanns, un dagdeeglechen Aktivitéite kanns deelhuelen oder Hëllef baussent de Schoulstonne kanns kréien. D’Educateure vum Service socio-éducatif (SSE) schaffen Hand an Hand mam SEPAS, mam ESEB, mat de Proffen, den Elteren an anere schouleschen Acteuren zesummen, fir dech an denger Schoulkarriär ze ënnerstëtzen.

Dank de villen Aktivitéiten a sozio-edukative Projeten hëlleft den SSE dir:

  • deng Talenter ze entdecken an nei Passiounen ze fannen
  • däi Selbstbewosstsinn ze boosten an un däi Potential ze gleewen

deng sozial Repèren als Erwuessenen ze fannen, autonom a selbstänneg ze sinn

SePAS – Service psycho-social et d’accompagnement scolaires

De SePAS ass an dengem Lycée fir dech do, wann s du privat oder schoulesch Schwieregkeeten hues. D’Ekipp vum SePAS setzt sech zesummen aus Psychologen, Sozialaarbechter an heiansdo och Educateuren. Se lauschtert de Schüler no a behandelt all Theema mat Diskretioun.

Tu peux faire appel au SePAS pour des questions liées à:

  • däi Wuelbefannen an deng mental Gesondheet
  • d’Schoul (Betreiung, Strukturen, Programm, Opnamkonditiounen, Schoul- oder Klassewiessel)

De SePAS proposéiert och Hëllef fir Elteren a finanziell Ënnerstëtzung.

Spezialiséiert Servicer:

Juristesche Bäistand:

Service d’accueil et d’information juridique

Fir d'gratis Hëllef vun engem Affekot unzefroen, kanns du dech adresséieren un de:

Service de l’assistance judiciaire :
45, Allée Scheffer, L-2520 Luxembourg

Physesch Gewalt

Oxygène – Femmes en détresse

De Service Oxygène ass fir dech do, wann s du e jonkt Meedchen oder eng jonk Fra am Alter tëscht 12 a 24 Joer bass an eng schwéier Zäit duerchméchs. Egal, ob s du Affer vu Gewalt an der Famill bass oder Berodung zu dengem perséinlechen oder schoulesche Liewen oder zu engem aneren Theema brauchs. Dat Ganzt ass vertraulech an ouni Bewäertung, Kuck dësem Video fir méi Informatiounen ze kréien.

S-PSYea – Femmes en détresse

S-PSYea hëlleft alle Jonken tëscht 3 an 21 Joer, déi Affer vu Gewalt an der Famill (och haislech Gewalt genannt) ginn. An dësem Video gëss du méi gewuer.

SCAS (Service central d’action sociale)

Der spezialisierte Dienst für Opferhilfe

Das Zentrale Sozialamt (Service central d’action sociale - SCAS) hilft dir, wenn du bedroht wirst oder phsyische/psyschiche Gewalt erlebst – zum Beispiel in deiner Familie, durch Schläge, Verletzungen oder sexuellen Missbrauch. Auch wenn dich jemand verfolgt oder belästigt (Stalking), kannst du Unterstützung bekommen. Der Dienst hilft nicht nur den Opfern, sondern auch deren Familien und Menschen, die so etwas miterlebt haben. Das SCAS bietet psychologische Unterstützung oder eine Therapie an und erklärt dir deine Rechte. Außerdem begleitet es dich, wenn du vor Gericht gehen musst.

ALUPSE-Dialogue

De Service ALUPSE-DIALOGUE hëlleft dir bis zum Alter vun 21 Joer, wann s du Affer vu physescher Gewalt, psychescher Gewalt, sexuellem Mëssbrauch, Vernoléissegung oder Mësshandlung gëss.

ALUPSE-Cosmos 

De Service Alupse-Cosmos betreit Kanner mat engem problematesche sexuelle Verhalen a mannerjäreg Sexualstroftäter an Zesummenaarbecht mat de Professionellen aus de verschiddene medezinesch-psychologeschen, sozialpedagogeschen a geriichtleche Secteuren.

Aktioun Bobby

De Service „Aktioun Bobby“ vun der Police hëlleft dir iwwer Telefon, wann s du Affer vu physescher, psychescher oder sexueller Gewalt bass:

Online-Gewalt

D'Helpline vu BEE SECURE beäntwert all deng Froe gratis, vertraulech an anonym iwwer Telefon. Dës Helpline kann dir hëllefen, wann s du Froen iwwer d'Online-Sécherheet, de verantwortungsvollen Ëmgang mam Internet an de sozialen Netzwierker, däi Schutz am Computerberäich, Tipps géint Cybermobbing, d'Sextortion, Online-Diskriminatioun asw. hues.

D'BEE SECURE-Stopline ass eng Online-Plattform, op där dräi Kategorië vu potenziell illegalen Inhalter anonym gemellt kënne ginn:
  1. Inhalter, déi de sexuelle Mëssbrauch vu Mannerjärege betreffen (CSAM).
  2. Diskriminatioun, Rassismus, Revisionismus.
  3. Haassrieden an Terrorismus.

Vernoléissegung

Den Office national de l’enfance (ONE) hëlleft dir, an och denger Famill, wann dat néideg ass, wann dir mat Schwieregkeete konfrontéiert sidd. Du kanns hei psychologesch, sozial oder pedagogesch Ënnerstëtzung kréien, déi kuerz- oder laangfristeg ka sinn.

Mental Gewalt

De CePAS bitt psychologesch an therapeutesch Berodungen an Eenzelgespréicher oder a Gruppegespréicher un. D'Berodunge fannen op Rendez-vous statt , se si gratis a vertraulech. Zéck net, dir hiren Internetsite unzekucken, fir méi Informatiounen ze kréien oder Kontakt iwwer de Formulaire opzehuelen. Du kanns si och iwwer Telefon oder per E-Mail kontaktéieren.

D'Fondatioun pro Familia bitt dir psychologesch an therapeutesch Hëllef u bei Streidereien an der Famill, bei schwierege Familljesituatiounen oder a psycheschen Noutsituatiounen:

Fro psychologesch an therapeutesch Hëllef wann s du eng Situatioun vu Gewalt an der Famill (och haislech Gewalt genannt) erliefs:

Centres d’accueil et d’hébergement pour enfants en situation de crise :

Handel mat Kanner a Jugendlechen

InfoTraite hëlleft dir, wann s du Affer vu Mënschenhandel bass. De Service betreit a begleet dech, wann s du an deem Fall bass, egal ob s du groussjäreg oder mannerjäreg, e Meedchen oder e Jong bass. InfoTraite ass Dag an Nuecht fir dech do a kann dir Ënnerstëtzung um psycho-soziale Plang bidden.

An dësem Vidéo gëss du méi gewuer.

Du verléiss dës Websäit

Du bass dobäi eng aner Websäit opzemaachen. Déi gehéiert net zu StaarkRechter.Lu. Alles an der Rei fir dech?