Gewalt, wat ass dat?
Dat ass de Wëllen, engem anere wéizedoen, ze verhënneren, datt et där Persoun gutt geet. Et ass, béiswëlleg sinn. Gewalt kann iwwerall virkommen, an der Famill, tëscht Frënn, an der Schoul oder och am Internet.
Erwuessener begéins du all Dag. Si sinn dacks léif. Leider ginn et der awer och, déi geféierlech fir d'Kanner sinn. Si doen engem Kand wéi oder bréngen et dozou, penibel Saache mat hirem Kierper ze maachen. Dat si kriminell Handlungen, déi vum Gesetz bestrooft ginn. Fir datt d'Kanner geschützt sinn, mussen dës Persoune gemellt, bestrooft a behandelt ginn.
Wéi eng Forme vu Gewalt gëtt et?
- Physesch Gewalt: en anere schloen oder physesch verletzen
- Mental Gewalt: en anere mobben, vernennen oder ausschléissen, sief et am Face à face oder am Internet
- Sexuell Gewalt: géint de Wëlle vun enger Persoun hire Kierper op intim (oder sexuell) Aart a Weis upaken oder heemelen
- Vernoléissegung oder Elengloossen: d'Kand eleng loossen a sech net ëm et këmmeren
Wéi kanns du dech schützen?
Tout d’abord tu as le droit de dire « non » à haute voix, de fuir, et de chercher de l’aide. Les adultes ont le devoir de te protéger comme le dit la Convention internationale des droits de l’enfant.
Ce sont ErwuessenVläit sinn et deng Elteren, een Noper, d’Eltere vun engem Kolleeg oder de Schoulmeeschter an der Schoul oder an der Museksschoul. Et kann och een Trainer sinn oder eng Trainerin vun dengem Sportveräin, oder vläit d’Educatrice oder den Educateur? en qui tu as confiance qui doivent te protéger et te défendre :
- Gewalt
- Mësshandlungen
- e Mangel u Fleeg an Opmierksamkeet vun alle Persounen, déi sech ëm dech këmmeren, och an denger Famill an an den Etablissementer, an deene Kanner a Jugendlecher betreit ginn.
Wann déi Erwuessen dech net schützen, da fro hei Hëllef.
Gewalt ass a kengem Fall akzeptabel
Däi Kierper gehéiert dir
Keen huet d'Recht, dir wéizedoen, dech unzepaken, dech ze heemelen, wann s du dat net wëlls. Du muss d'accord sinn – dat heescht, du muss deng Zoustëmmung ginn.
Zoustëmmung, wat ass dat?
Zoustëmmen, dat heescht domat averstane sinn, eppes ze maachen oder kierperlechen, sexuellen oder intime Kontakt ze hunn. Du hues d'Recht, NEE zu Zäertlechkeeten an anere physesche Kontakter ze soen. Wann s du deng Zoustëmmung oder deng Ofleenung matdeels, muss déi aner Persoun deng Entscheedung akzeptéieren. Wann s du am Ufank jo gesot hues, dann awer deng Meenung änners, hues du ëmmer nach d'Recht, NEEN ze soen. Déi aner Persoun muss ëmmer deng Entscheedung respektéieren.
Bleif virun allem net eleng
Dacks isoléiert d'Affer sech, well et sech genéiert oder zu Onrecht schëlleg fillt. Och wann s du Angscht hues oder dech schumms, ass et wichteg, mat engem aneren ze schwätzen. Du bass net eleng dëser Gewalt ausgesat an du muss dëse Problem net eleng bewältegen. Wann s du dech isoléiers, mécht dat dech nach méi verletzlech.
Schwätz driwwer mat engem Erwuessenen, deem s du vertraus, fir datt hien der hëlleft an dech begleet, oder kontaktéier direkt eng Persoun vun dësen Hëllefsdéngschter hei. D'Hëllefsdéngschter sinn ausgebilt, fir déi Jugendlech an dëse schwierege Situatiounen ze beroden, ze ënnerstëtzen an ze begleeden. Si kënnen der hëllefen an dech orientéieren.
Déi verschiddenen Aarten vun Gewalt
Physesch Gewalt
Mental Gewalt
„Digital Gewalt“
Sexuell Gewalt
Vernoléissegung
Handel mat Kanner a Jugendlechen
Wat gëtt et alles, fir dech ze schützen?
Lëtzebuerg toleréiert „null“ Gewalt.
Et gëtt keng Form vu Gewalt akzeptéiert. Zu Lëtzebuerg ginn et Gesetzer géint all Forme vu Gewalt.
Du bass der net sécher, ...
...ob s du Affer vu Gewalt bass?
Du hues den Androck, datt eppes net stëmmt an du weess net, wéi s du aus där Situatioun erauskomme kanns?
Du bass Affer vu Mobbing am wierkleche Liewen oder am Internet?
Keng Form vu Gewalt ass akzeptabel!
Schwätz mat engem Erwuessenen, deem s du vertraus, driwwer – e Member aus denger Famill, en Trainer oder e Proff – oder kontaktéier een hei.