Aller au contenu principal

Sexuell Gewalt

Wat ass sexuell Gewalt?

Sexuell Gewalt ass, wann een:

  • dech op dengen intimen (oder sexuelle) Plaze beréiert
  • dir seng Sexualorganer weist
  • dech zu Geschlechtsverkéier zwéngt: Dat nennt een eng Vergewaltegung
  • dech plakeg fotograféiert oder filmt
  • dir pornografesch (oder sexuell) Videoen oder Fotoe weist
  • dech zwéngt, eng aner Persoun intim (oder sexuell) ze beréieren oder u sexuellen Handlungen deelzehuelen.

Wat ass sexuell Ausbeutung?

Dat ass, wann een dech dozou zwéngt:

  • dech plakeg fotograféieren ze loossen oder a Sexvideoe matzespillen
  • sexuell Relatioune mat anere Persounen ze hunn, egal ob bekannt oder onbekannt.

Dës sexuell orientéiert Verhalensweisen, déi dir onangeneem sinn, kënne sech op verschidde Manéieren ausdrécken, sief et:

  • eng bestëmmte Manéier fir ze handelen
  • eng bestëmmte Manéier fir ze schwätzen
  • eng bestëmmte Manéier fir ze schreiwen
  • oder och eng bestëmmte Manéier, fir iwwer Fotoen ze kommunizéieren

! Sexuell Gewalt kann an ënnerschiddleche Situatioune virkommen a vun Erwuessenen oder Jugendlechen, bekannt oder onbekannt, Mann oder Fra, asw. ausgoen.

Sexuell Iwwergrëffer beschränke sech awer net nëmmen op déi „reell“ Welt, si kommen och an der digitaler Welt vir.

Fanne hei Hëllef

  • Wann s du oder een, deen s du kenns, belästegt gouf, hues du vläicht Angscht, driwwer ze  schwetzen ? Dat ass normal, well et ass ganz schwéier. Schwätzen ass awer déi eenzeg Méiglechkeet, fir Hëllef ze fannen a fir ze verhënneren, datt dës Persoun dir nach eng Kéier wéideet oder dat selwecht mat anere Kanner mécht. Du hues bestëmmt an dengem Ëmfeld eng Persoun, déi dir nolauschtere wäert: deng Elteren, däi Schoulmeeschter oder deng Joffer, en Educateur oder eng Educatrice an der Maison relais … 
  • Wann s du erausfanne wëlls, wou sexuelle Mëssbrauch ufänkt a wéi s du reagéiere solls, wann et dozou kënnt: Alors c’est ça les abus sexuels ? (Et ass also sexuelle Mëssbrauch?)

Ni!

All sexuell Bezéiungen tëscht Erwuessenen a KannerJusqu’à l’âge de 18 ans. si verbueden. D'Gesetz bestrooft déi Erwuessen, déi Bezéiunge mat engem Kand hunn, net d'Kanner. Dat gëllt och fir sexuellt Betatschen, d. h. wann en Erwuessenen dech op intime Plaze vum Kierper (Geschlecht, Hënner oder Broscht) beréiert oder heemelt. Erwuessener kënnen nëmmen aner Erwuessener sexuell beréieren, wa se alleguer domadder averstane sinn.

D'Hierstellung, de Verkaf, d'Verbreedung, de Besëtz oder de Kaf vu pornografeschen (oder sexuelle) Fotoen oder Videoe mat Kanner sinn an alle Fäll gesetzlech strofbar.

Keen huet d'Recht, dech zu sexuelle Bezéiungen ze iwwerrieden oder ze zwéngen.
Weeder deng Famill nach Leit, déi s du kenns oder net kenns, déi s du gär hues oder och net. Du hues ëmmer d'Recht, „NEE“ ze soen!

 
 
  • All déi Professionell, déi dech am Lycée betreien, sinn ausgebilt, fir dech ze ënnerstëtzen an dech ze orientéieren, och wann et dir net gutt geet. Si mussen d'Justiz informéieren, wa si de Verdacht hunn, datt s du sexuell mësshandelt gëss. Am Fall vun enger imminenter Gefor kann d'Police direkt agräifen. De Jugendschutz vum Parquet ënnersicht dann d'Situatioun, fir ze decidéieren, wéi eng Mesuren néideg sinn, fir dech ze schützen.
  • Bee Secure stellt vill Infoen an Tools zur Verfügung, mat deenen s du dech géint d'Gefore vu sexueller Gewalt am Internet, wéi zum Beispill Grooming ou la Sextorsion,, an erkläert, wat ze maachen ass, wann s du Material entdecks, an deem Kanner sexuell ausgebeut ginn (MASE) (Child Sexual Abuse Material op Englesch).
  • Les bande-dessinées « Envoie-moi une photo de toi » et « Nu(e) sur internet » rappellent les dangers d’échanger des photos intimes ou sexy. Envoyées en toute confiance, ces photos peuvent être utilisées dans le but de te manipuler ou de te faire du mal. Cette tactique est appelée sextortion.

Fann Leit déi dir hëllefe kënnen hei.

Mir verhalen!

  • All Form vu sexueller Gewalt ass verbueden.
  • Keng aner Persoun, ob s du se kenns oder net, huet d'Recht, op eng sexuell Manéier mat dir ze schwätzen, wann s du net domadder averstane bass.
  • Wann s du oder eng Persoun, déi s du kenns, an enger Situatioun vu sexueller Gewalt bass, kanns du direkt mat der Police oder mat enger Persoun, där s du vertraus, schwätzen.

Wanns du Affer vu physescher Gewalt bass an net weess, wiem s du dech uvertraue kanns, da kontaktéier de SePAS (oder CePAS) oder den DPE vun dengem Lycée oder och nach en Enseignant oder Educateur, deem s du am Lycée vertraus. Si ënnerhuelen déi néideg Schrëtt, fir dir ze hëllefen.

Du verléiss dës Websäit

Du bass dobäi eng aner Websäit opzemaachen. Déi gehéiert net zu StaarkRechter.Lu. Alles an der Rei fir dech?