Aller au contenu principal

Ech engagéiere mech

Wéi kanns du dozou bäidroen, deng Rechter bekanntzemaachen?

D'Kannerrechter si wichteg fir jiddwereen

Mir sinn alleguer dofir verantwortlech, dës Rechter ze schützen an ze verdeedegen, du, ech, d'Elteren, d'Enseignanten, d'Traineren, d'Tuteuren, d'Regierung, d'Gemeng asw.

Déi Erwuesse sinn dofir verantwortlech, datt deng Rechter respektéiert ginn

Zum Beispill mussen deng Famill, deng Proffen, deng Educateuren an all déijéineg, déi sech ëm dech këmmeren, dech virun all Form vu Gewalt schützen an dir hëllefen, datt s du dech entfalen an deng Interessie respektiv deng Fäegkeeten entdecke kanns.

D'Regierung garantéiert de Respekt vun denge Rechter …

D'Regierung huet Gesetzer a politesch Mesuren agefouert, fir deng Rechter ze schützen an dir ze erlaben, dës Rechter och ze notzen:

  • Den Zougang zu der gratis Bildung an der Schoul, mat Schoulbicher, déi gratis zur Verfügung gestallt ginn. 
  • D'Recht op eng gesond Ernärung, mat de gratis Molzechten an de Maison-relaisen. 
  • D'Recht op Gesondheet a Wuelbefannen, mat enger Krankeversécherung, déi medezinesch Käschte bis zum Alter vun 18 Joer rembourséiert. 
  • Déi national Kannerrechtsstrategie (PAN) kadréiert d'Efforte vun der Regierung mat konkreeten Aktiounen, déi d'Regierung mat der Ënnerstëtzung vun hire Partner ëmsetzt, fir dofir ze suergen, datt d'Rechter vun de Kanner zu Lëtzebuerg respektéiert ginn. Dës Aarbecht gëtt vun der Organisatioun vun de Vereenten Natiounen (UNO) kontrolléiert. 
  • D'Aféierung vun enger Institutioun: denOmbudsman fir Kanner a Jugendlecher Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher (OkaJu), dee sech fir d'Rechter vun de Kanner an de Jugendlechen asetzt. Den OkaJu gëtt vun der Regierung ernannt, hie lauschtert dir no a beréit dech, wann deng Rechter net respektéiert ginn. Et ass eng Plaz, wou s du deng Iddien a Gefiller fräi ausdrécke kanns. Den OkaJu analyséiert d'Situatioun an ënnerbreet der Lëtzebuerger Regierung Recommandatiounen, fir datt deng Rechter respektéiert ginn. 
  • Et ginn Organisatiounen, déi dech schützen an dir heihëllefen fir datt deng Rechter an all Situatioun respektéiert ginn. 

WEN

kéint soss nach deng Rechter verteidegen?

ECH! DU!

Och du kanns aktiv ginn, fir deng Rechter an déi vun deenen aneren anzefuerderen, andeems du dech a Veräiner an an anere Beweegungen, déi dech interesséieren, engagéiers.

Rechter ze hunn, bedeit och, Flichten ze hunn

 Du hues d'Recht op déi beschtméiglech Bildung an op eng vollstänneg a glécklech Entwécklung,

Am Géigenzuch

hues du d'Flicht, an d'Schoul ze goen an deng Aufgaben ze maachen,

 Du hues d'Recht, deng Rechter anzefuerderen, dech auszedrécken an deng Meenung matzedeelen,

Am Géigenzuch

 hues du d'Flicht, d'Rechter vun deenen aneren ze respektéieren, keen ze verletzen, andeems du deng Rechter benotz. De Respekt fir déi aner an d'Bienveillance stinn am Vierdergrond.

Wéi kanns du dech engagéieren fir deng

Rechter

ze verteidegen

Du verléiss dës Websäit

Du bass dobäi eng aner Websäit opzemaachen. Déi gehéiert net zu StaarkRechter.Lu. Alles an der Rei fir dech?