Verschaf denger Stëmm Gehéier
Engagéier dech an enger besteeënder Organisatioun oder informéier dech iwwer d'Jugendbeweegungen.
Fir deng Meenung zu den Theemen auszedrécken, déi dir um Häerz leien, kanns du antrieden an:
- e Schülerkommitee
- d'national Schülerkonferenz
- d'Jugendparlament
- de Jugendrot
- - d'UNICEF-Ambassadeuren, asw.
Am Lycée ënnerstëtzt de Schülerkommitee an all Lycée
- verteidegt d'Interessie vun de Schüler bei der Administratioun vum Lycée
- organiséiert Events
- entwéckelt Projeten
- ënnerstëtzt Schüler, déi zum Beispill mat engem Enseignant Problemer hunn
- bedeelegt sech un der Organisatioun vum Alldag vun de Schüler
- hëlleft, d'Atmosphär an der Schoul ze verbesseren
Informéier dech an denger Schoul, fir méi driwwer gewuer ze ginn!
- D' D'National Schülerkonferenz (Conférence nationale des élèves au Luxembourg) vertrëtt d'Meenungen an d'Interessie vun alle Schüler an de Lëtzebuerger Lycéeën iwwer de CNEL, den nationale Schülerkommitee.
- Am Lycée ënnerstëtzt de Jugendparlamentass en Zesummeschloss vu Jugendlechen am Alter tëscht 14 a 24 Joer, déi zu Lëtzebuerg wunnen oder an d'Schoul ginn. Et ass a Kommissiounen organiséiert, fir deng Interessien ze verdeedegen an d'Erausfuerderungen, mat deenen all déi Jonk zu Lëtzebuerg konfrontéiert sinn, opzegräifen. An de Kommissioune gëtt debattéiert, et ginn Dialoger gefouert a Resolutiounen ugeholl.
- Am Lycée ënnerstëtzt de Conseil national de la jeunesse du Luxembourg , och de „Jugendrot“ genannt, suergt dofir, datt d'Stëmm vun der Jugend um nationalen an um internationale Plang gehéiert gëtt. E regruppéiert ronn 30 Jugendorganisatioune vu Lëtzebuerg a gëtt reegelméisseg vun de Ministere consultéiert.
- Déi Jonk Beroder vumOmbudsman fir Kanner a Jugendlecher (OkaJu) stellen e Grupp vu Jugendlechen duer, déi dem OkaJu bei senger Missioun, fir d'Kannerrechter ze fërderen an ze schützen, berodend zur Säit stinn.
- Les UNICEF Youth Ambassadors s’engagent pour les droits des jeunes aussi bien au Grand-Duché que partout dans le monde.
- D'UN Youth Delegates vertrieden d'Interessie vun deene Jugendlechen zu Lëtzebuerg bei der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen zu New York, a méi genee gesot bei der Kommissioun fir sozial, humanitär a kulturell Froen.
- Am Lycée ënnerstëtzt de EU Youth Dialogue mécht den Dialog tëscht de politeschen Decideuren an Europa, de Jugendorganisatiounen, den Experten, de Fuerscher asw., op.
- Move ass en Zesummeschloss vu Jugendlecher vum Mouvement écologique , déi sech fir eng nohalteg Gesellschaft asetzen. Hiert Zil ass et, och dir zum Theema Ëmweltschutz eng Stëmm ze ginn.
- Fir d'Bedierfnesser an d'Erwaardunge vu jiddwerengem ze ermëttelen organiséiert Bee Secure den Kids a Youth Panels. An dëse Gruppen tausche Jugendlecher sech iwwer aktuell Trends an de Beräicher Technologie an nei Medien aus a kënnen dat proposéiert Material testen.
Mir verhalen!
- D'Regierung an d'Erwuessener mussen deng Gesetzer schützen.
- Och DU kanns matmaachen an dech AKTIV fir DENG Rechter asetzen.