Du hues d'Recht gutt gefleegt ze ginn
Du hues d'Recht, proppert Waasser ze drénken a gesond Iessen ze kréien.
Du hues d'Recht ze léiere wéi een:
- gesond bleift
- a Sécherheet bleift
- seng physesch a mental Gesondheet oppasst
Wuelsinn, dat bedeit, e gutt Gläichgewiicht tëscht menger physescher a mentaler Gesondheet ze fannen
Dofir seet een dacks: „e gesonde Geescht an engem gesonde Kierper“.
Wat heescht dat fir mech?
Wann s du krank gëss, sinn deng Elteren dofir verantwortlech, dech ze fleegen an dech bei en Dokter oder an d'Spidol ze bréngen. Deng Eltere musse sech souwuel ëm deng kierperlech wéi och ëm deng geeschteg Gesondheet këmmeren. Du hues deemno d'Recht, gutt gefleegt ze ginn, fir am beschtméigleche gesondheetlechen Zoustand ze sinn.
Gesondheet, dat ass méi ewéi just bei den Dokter ze goen
Gesond iessen, proppert Waasser drénken a sech beweegen ass wichteg, fir gutt a Form ze bleiwen. Dofir ass et och wichteg, datt ee gesond an ongesond Iessen ënnerscheede kann a weess, firwat reegelméisseg Beweegung esou gutt ass. Wann een informéiert ass, kann een och selwer gutt op seng Gesondheet oppassen!
Wat heescht dat, gutt zu Lëtzebuerg gefleegt ze ginn ze ginn?
Mir hunn zu Lëtzebuerg déi grouss Chance, datt eise Gesondheetssystem gutt fonctionéiert. All Jugendleche ka sech vu senger Gebuert un (a souguer scho wärend der Schwangerschaft) gratis behandele loossen, well déi medezinesch Käschten iwwerholl ginn. Et ass garantéiert, datt d'Drénkwaasser propper ass an et gëtt alles dru gesat, datt d'Iesse gesond ass. Publicitéitscampagnen iwwer d'Virdeeler vu vill Beweegung an enger gudder Ernärung, z. B. Gesond liewen – méi bewegen iwwer d'Virdeeler vu vill Beweegung an enger gudder Ernärung, z. B. Gesond liewen – méi bewegen, ginn an de Schoulen an an der Ëffentlechkeet virgestallt.
Déi follgend Services goufen ageriicht, fir deng mental Gesondheet ze schützen an all d'Schüler mat spezifesche Besoinen mat anzebezéien:
- E pedagogeschen a psychosozialen Department an all Lycée, dorënner de CePASfir d'Kanner um psychosozialen a pedagogeschen Niveau z'ënnerstëtzen.
- Delegéierter fir de Schutz vun de Schüler (délégués à la protection des élèves, DPE) an de Lycéeën.
- Am Lycée ënnerstëtzt de CESAS firdéi affektiv a sexuell Gesondheet ze fërderen..
Méi Informatioun doriwwer, wéi s du dech géint Gewalt schütze kanns, fënns du hei.