Du hues d'Recht op eng Identitéit
Du hues d'Recht, deng Originnen ze kennen an deng Famill ze kennen: dat heescht, eng Identitéit. Normal, oder? Bei denger Gebuert hunn deng Elteren dech bei der Gemeng ugemellt a kruten e Gebuertsschäin ausgestallt. Et ass onméiglech, dech mat enger anerer Persoun ze verwiesselen. Dëse Gebuertsschäi gëllt als Beweis, fir deng Identitéit ze bestätegen an ze weisen, datt s du eenzegaarteg bass.
Du hues och d'Recht, du selwer ze sinn
Du hues d'Recht, esou akzeptéiert ze ginn, wéi s du bass, ouni Angscht ze hunn, gemobbt oder diskriminéiertze ginn, onofhängeg vun: dengem Geschlecht, wou s du liefs, wéi eng Sprooch s du schwätz, denger Relioun, wat s du gleefs, wéi s du ausgesäis, ob s du eng Behënnerung hues, ob s du räich oder aarm bass, wien deng Eltere sinn a wat deng Famill mécht. Kee jonke Mënsch dierf ongerecht behandelt ginn, ganz egal aus wéi enge Grënn.
Du hues d'Recht op e Privatliewen
Keen huet d'Recht, Saachen iwwer dech ze soen, déi dir schuede kéinten. Keen huet d'Recht, deng Privatconversatiounen ze liesen, deng Privatgespréicher nozelauschteren oder an denge Saachen ze wullen. Du hues d'Recht, net alles ze deelen.
Wat heescht dat?
Vill Kanner kommen aus anere Länner, schwätzen eng aner Sprooch wéi s du oder hu vläicht eng aner Hautfaarf wéi s du. Vläicht bass och du - oder deng Elteren - an engem anere Land ewéi Lëtzebuerg gebuer? Mir hunn alleguer eng eenzegaarteg Identitéit a mir hunn alleguer d'Recht, mir selwer ze bleiwen an eis Originalitéit auszedrécken!
Wéi gëss du vum Gesetz geschützt?
Lëtzebuerg huet en Text agefouert, deen och d'Recht op deng Identitéit an op Schutz virun all Form vun Diskriminéierung enthält. De Code civil definéiert deng Rechter an d'Gesetz vum 28. November 2006 iwwer d'Gläichbehandlung vu Persoune schreift vir, datt all d'Mënschen d'selwecht behandelt ginn.Le traitement de tous sans discrimination fondée sur la race ou l’origine ethnique, le sexe, l’orientation sexuelle, la religion ou les convictions, le handicap et l’âge..
Eng Persoun, déi e Jonken anescht behandelt, ka vum Gesetz bestrooft ginn
Keen huet d'Recht, dech opgrond vun denger Originn, denger ethnescher Hierkonft, dengem Geschlecht, denger sexueller Orientatioun, denger Relioun oder dengem Glawen, denger Behënnerung, dengem Alter oder denger Nationalitéit anescht ze behandelen.
Fir däi Recht ze respektéieren, huet d'Regierung konkreet Moossnamen ergraff
Sou sinn zum Beispill d'Schoulbicher gratis, fir datt jiddwereen déi selwecht Erfollegschancen huet, egal ob seng Eltere räich oder aarm sinn.