Du hues d'Recht, deng Meenung ze äusseren
Déi Erwuesse mussen dir nolauschteren an deng Meenungen eescht huelen, soubal s du an der Lag bass, d'Situatioun genuch ze verstoen, fir eng iwwerluechte Meenung ze äusseren.
Du hues d'Recht, dech ze informéieren
Du hues d'Recht, Erklärungen ze kréien, déi fir dech kloer a verständlech sinn.
Du hues d'Recht, eppes ze deelen
Du hues d'Recht, alles dat, wat s du léiers, denks a fills mat aneren ze deelen, andeems du schwätz, mools, schreifs, oder op all aner Manéier, déi dir gefält, soulaang dat kengem anere schuet.
Du hues d'Recht, ze denken
Du hues d'Recht, aner Meenungen oder aner Relioune wéi deng Frënn ze hunn, soulaang s du deenen aneren nolauschters an dech och fir hir Iddien interesséiers. Et ass wichteg ze léieren, wéi ee seng Gedanke matdeele kann, ouni déi aner ze blesséieren.
Du hues d'Recht, dech zesummenzeschléissen
Als Resident hues du d'Recht, dech mat Jonker (oder Erwuessener) roueg an ouni Gewalt zesummenzeschléissen, soulaang dir kee blesséiert a keen haasst oder ausschléisst.
wat seet
d'Gesetz?
„Jiddwer Kand kann zu all Fro, déi et betrëfft, seng Meenung fräi äusseren. Seng Meenung gëtt jee no Alter an Urteelsfäegkeet a Betruecht gezunn.“ Am Artikel 15, Paragraf 5 gëtt „d'Recht op Rechter“ vun de Kanner an der neier VerfassungD’Verfassung ass dat Buch wat all d’Rechter vun de Mënschen versammelt an d’Reegelen déi ee Land muss respektéieren. detailléiert. Esou rifft d'Lëtzebuerger Verfassung an Erënnerung, datt d'Participatioun vun de Kanner a Jugendleche vital ass.
Ausserdeem huet d' RegierungD’Regierung besteet aus all de Ministeren déi d’Land régéieren. en Aktiounsplang ausgeschafft deen kuckt, wéieng Organisatiounen Dir eng Stëmm ginn.
D'Lëtzebuerger Verfassung gouf den 1. Juli 2023 geännert, fir d'Wichtegkeet vun denger Participatioun als jonkem Mënsch z'ënnersträichen.
D'Regierung huet mat Vertrieder vun der Gesellschaft a vu Jugendorganisatiounen diskutéiert, fir en Aktiounsplang fir Rechter vu jonke Leit auszeschaffenan deng Partizipatioun ze verstäerken. Et gëtt scho verschidde Strukturen, zum Beispill an de Gemengen an an de Schoulen, an deenen s du deng Stëmm abrénge kanns. Des Organismen erlaben dir, deng Meenung ze soen an dech zu Entscheedungen, déi dech betreffen, ze äusseren, zum Beispill wann et ëm de Sport, d'Liewen an der Gemeng oder deng Ernärung geet.
Wat heescht dat?
Du kriss all Dag gesot, wat s du ze maachen hues: Geméis iessen, deng Aufgabe maachen, den Ecran zoumaachen asw. Heiansdo ass dat penibel! Mee déi Erwuesse leeë Reegele fest, well si d'Verantwortung droen, dat ze maachen, wat gutt fir dech ass. Du hues d'Recht, gewuer ze ginn, wéi eng Grënn hannert dëse Reegele stiechen, a wéi en Zil se hunn. Déi Erwuesse mussen dir nolauschteren an deng Meenung a Betruecht zéien. Du kanns zum Beispill matschwätzen, wann et drëm geet, e Sport oder Aktivitéiten no der Schoul fir dech auszewielen. An der Schoul gradewéi am Lycée hues du d'Recht, dech un den Entscheedungen, déi dech betreffen, ze bedeelegen.
Déi Erwuessen treffen d'Entscheedungen, mee deng Meenung muss gehéiert ginn
! Wann d'Reegele vun deenen Erwuessenen net getraff ginn, fir deng Gesondheet ze schützen oder net an dengem Interessi sinn, da kontaktéier den OKaJu
Fir dech bedeelegen an deng Meenung äusseren ze kënnen, muss du gutt informéiert sinn
D'Informatiounen, déi op der Tëlee, am Radio, an den Zeitungen oder um Internet gedeelt ginn, gi vun Erwuessene fir Erwuessener gemaach. Fir driwwer informéiert ze sinn, wat an der Welt lass ass, ginn et https://www.1jour1actu.com/actus
https://www.arte.tv/fr/videos/RC-014082/arte-journal-junior/Tëleeskanäl , Zeitungen an Internetsitte fir Kanner. Si erklären alles wat komplizéiert ass op eng verständlech Manéier.
Wéi kann ech mech informéieren a bedeelegen, a mer Gehéier verschafen?
Verschidden Organisatioune bidden d'Méiglechkeet, deng Meenung iwwer dat, wat dir um Häerz läit, ze deelen. Dozou zielen zum Beispill de Schülerkommitee, déi National Schülerkonferenz, d'Jugendparlament, de Jugendrot, d'UNICEF-Ambassadeuren, déi jonk Beroder vum Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher. Déi Erwuesse lauschtere sech un, wat déi Jonk an dësen Organisatioune berichten. Verschidde Jonker wéi z. B. d'Greta Thunberg hu Beweegungen an d'Liewe geruff. Fir dech z'engagéieren an anere Jonken ze hëllefen, kanns du engem vun de besteeënde Gruppe bäitrieden oder e Veräi grënnen, fir eng nei Saach z'ënnerstëtzen!! opgepasst Fake News : vill Informatiounen am Internet si falsch