Aller au contenu principal
07 Take Care

Ech hunn d'Recht, viru Gewalt beschützt ze ginn!

Gewalt kann iwwerall virkommen

Wann e Kand mësshandelt oder mëssbraucht gëtt, kennt d'Kand an der Reegel den Täter a fillt sech schlecht, well et dëser Persoun vertraut hat. Et ass deemno ganz wichteg ze wëssen, datt Gewalt ni dierf akzeptéiert ginn an datt ee mat engem anere soll driwwer schwätzen, fir aus der Situatioun erauszekommen.

  • Physesch Gewalt: en anere schloen oder physesch verletzen
  • Mental Gewalt: en anere mobben, vernennen oder ausschléissen, sief et am Face à face oder am Internet
  • Sexuell Gewalt: de Kierper um intimen (oder sexuellen) Niveau géint de Wëlle vun enger Persoun upaken oder heemelen
  • Vernoléissegung oder Verloossen: d'Kand eleng loossen a sech net ëm et këmmeren

De Staat muss dech virun all Form vu schlechter Behandlung oder Gewalt schützen, dozou zielt och, wann d'Leit, déi op dech oppassen, sech net ëm dech këmmeren oder dir net genuch Opmierksamkeet schenken.

Du frees dech, ob s du Affer vu Gewalt bass? Du hues d'Gefill, datt eppes net an der Rei ass an du weess net, wéi s du domat ëmgoe solls? Du gëss an der Schoul oder onlinegemobbt? Dat ass net ok!

Du kanns mat engem, deem s du vertraus, driwwer schwätzen, zum Beispill mat denger Famill, engem Proff oder engem Coach, oder Hëllef fannen, andeems du hei klicks: hei.

Fir Gewalt ze verhënneren an deng physesch a mental Gesondheet ze schützen, huet d'Regierung eng sëlleg Aktiounen an d'Liewe geruff.

  • Am Lycée ënnerstëtzt de SePAS, de Service éducatif et psycho-social, d'Schüler um schouleschen, psychologeschen a soziale Plang. Beim CePAS hues du och ausserhalb vum Lycée Zougang zu deene selwechte Servicer.
  • Bei den Delegéierte fir de Schutz vun de Schüler (DPE) am Lycée;
  • Beim CESAS , deen déi affektiv a sexuell Gesondheet fërdert;
  • Dank der CampagneEXIT mobbingfir géint Mobbing a Cybermobbing virzegoen;
  •  Op Bee Secure , fir Online-Gewalt ze bekämpfen.
Am
Noutfall
oder wanns du a Gefor bass, ruff direkt d'Police um
113

Du verléiss dës Websäit

Du bass dobäi eng aner Websäit opzemaachen. Déi gehéiert net zu StaarkRechter.Lu. Alles an der Rei fir dech?