Aller au contenu principal
08 :)

Ech hunn d'Recht ze laachen, ze spillen an ze dreemen.

Du hues d'Recht, ze spillen

Du hues d'Recht ze rennen, ze dreemen an denge Gedanke fräie Laf ze loossen, ze raschten an dech z'entspanen, fir datt s du wuessen an dech entfale kanns. Du hues d'Recht, dech z'ameséieren an déi Saachen ze maachen, déi dir Spaass maachen! Spillen, Sport maachen, Konscht bedreiwen, dinn dir gutt an erlaben dir, nei Talenter z'entwéckelen. Dacks kommen dir déi beschten Iddien, wann s du dech langweils. A Beweegung ass gutt fir d'Gesondheet.

Beim Spillen entwéckels du Tricker, Strategien, an du léiers, Uweisungen ze befollegen. Dech entspanen a raschte stäerkt däi Kierper an däi Geescht. Laache mécht esouguer glécklech: Laachen ass dat beschte Medikament.

Du hues net genuch Zäit, fir dech z'entspanen, wann däin Dag ze vill vollgepaakt ass mat Aktivitéiten an der Schoul, an der Maison relais, mat Aufgaben, Trainingen, Musekscoursen, an anere Mussesaachen.

Schwätz doriwwer mat dengen Elteren oder mat de Persounen, déi sech ëm dech këmmeren, fir deng Woch besser ze plangen an zesumme Momenter ze fannen, wou s du einfach fräi bass.

Sou sinn zum Beispill d'Musekscoursë gratis fir all déi Jonk zu Lëtzebuerg. D'Gemengen an de Service national de la Jeunesse bidde vill sportlech a kulturell Aktivitéiten un, fir sech z'ameséieren an an d'Vakanz ze goen.

Kulturpass

Am Lycée ënnerstëtzt de Kulturpass kanns du vu Präisreduktiounen op kulturellen Aktivitéiten, bei Concerten, Veranstaltungen, am Theater an am Kino profitéieren. Hues du dat schonn eng Kéier probéiert?

Du verléiss dës Websäit

Du bass dobäi eng aner Websäit opzemaachen. Déi gehéiert net zu StaarkRechter.Lu. Alles an der Rei fir dech?