Du hues d'Recht dat fir dech beschtméiglechst Liewen ze féieren .
Wann s du vun enger Behënnerung betraff bass, ass d'Regierung dofir verantwortlech, all d'Hindernisser aus dem Wee ze schafen, déi dech drun hënneren, aktiv um Liewe vun der Gemeinschaft deelzehuelen.
Wat heescht dat?
Du hues d'Recht, Hëllef ze kréien, wann s du spezifesch Besoinen hues, zum Beispill wann s du séibehënnert bass oder wann s du Schwieregkeete beim Léieren hues. D'Unterrechtsmanéier kann ugepasst ginn, fir dir d'Léieren an der Schoul méi einfach ze maachen. Och deng Eltere kënne finanziell a materiell Hëllefe kréien.
Lëtzebuerg hëlleft dir dech z'integréieren an deelzehuelen
Lëtzebuerg ënnerhëlt alles wat méiglech ass, fir datt all d'Kanner un den Aktivitéiten, déi deene Jonken ugebuede ginn, souwäit dat méiglech ass, deelhuele kënnen. Sou kënnen zum Beispill Rampen, spezialiséiert Transporter a spezialiséiert Educateuren organiséiert ginn, fir datt s du an allen Domäner matmaache kanns: Schoul, Sport, Musek asw.
Dat neit Gesetz vum 13. Juni 2023 iwwer d'Wuelbefanne vun de Schüler an d'inklusiv Educatioun féiert Follgendes an:
- E pedagogeschen a psychosozialen Departement an all Lycée
- Delegéierter fir de Schutz vun de Schüler (délégués à la protection des élèves - DPE) an de Lycéeën
- Ekippe fir d'Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB) an de Lycéeën
- En nationale Service fir inklusiv Educatioun (Service national de l’éducation inclusive - SNEI)
Doriwwer eraus stäerkt d'Gesetz d'Participatioun vun de Kanner, andeems et Situatioune virgesäit, an deenen d'Kand an déi Entscheedungen, déi et selwer betreffen, mat agebonne gi muss.
D'Regierung wëll all déi Jonk an de Klasse mat abezéien
Ob mat oder ouni spezifesch Besoinen, den Zougang zu de Coursen an der Schoul, an der Musek an am Sport gouf vereinfacht, zum Beispill duerch d'Visualiséierung vun den Exercicen oder d'Upassung vun der Dauer vun de Coursen. D'Begleedung an de Schoultransporter gouf verstäerkt, an d'Educateure si besser forméiert.
Ech sinn tëscht 13 an 18 Joer al:
Fir Hëllef unzefroen, kanns du dech wenden un:- D'Direktioun vun dengem Lycée;
- De service psycho-social et d’accompagnement scolaires (SePAS) oder (CePAS);
- D'Ekipp fir d'Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (Equipe de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques - ESEB) vun dengem Lycée;
- De CePAS;
- D'Ekipp fir d'Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (ESEB) vun der Regioun;
- D'Inklusiounskommissioun (Commission d’inclusion - CI) vun dengem Lycée;
- D'National Inklusiounskommissioun;
- D'Commission des aménagements raisonnables (CAR).