Aller au contenu principal

Ressourcen

Nëtzlech Adressen a Links, fir mech besser iwwer meng Rechter ze informéieren

Video: All Kanner hu Rechter: an 2 Minutte kuerz erkläert

Dëse Video iwwer d'Kannerrechter gouf fir de Weltkannerdag, deen all Joers den 20. November gefeiert gëtt, realiséiert vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, an Zesummenaarbecht mat der Direktioun an de Schüler aus dem Lënster Lycée International School (LLIS)

Video: d'Kannerrechter fir kleng Butzen erkläert

Dëse Video iwwer d'Kannerrechter gouf vun Unicef Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend realiséiert

Unicef

La Journée mondiale de l’enfance :

Vidéo RTL Play : Internationalen Dag vun de Kannerrechter

Um Weltkannerdag organiséieren de Ministère a seng Partner all Joer am Laf vum November eng sëlleg Evenementer uerchter uechter d'Land.

La conférence des enfants (Chico)

Bei der Kinderkonferenz treffen sech all Joers Kanner a Jonker vun 8 Joer un. Zesumme mat den Educateuren, Educatricen aus de Maison Relaisen schwätzen Si dann iwwert Partizipatioun, Demokratie a Kannerrechter.

Komplex Frogen ginn einfach erklärt, sou dass du deng Meenung fräi ausdrecken kanns a een dir besser ka nolauschteren.

Méi Infoen iwwert de Plomm an Zentrum fir politesch Bildung (ZpB).

De Kreativconcours Deng Zukunft, Deng Stëmm

De kreative Concours "Deng Zukunft - Deng Stëmm" gouf 2024 fir déi 4. Kéier organiséiert a stoung ënnert dem Theema „Deng Iddi fir deng Gemeng 2.0“. Organiséiert gëtt dëse Concours vum Ministère a vun der UNICEF:

Den Zuch vun der Demokratie

Pour la Journée mondiale de l’enfance, le Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) organise le Train de la démocratie en collaboration avec le Kannermusée Plomm, la Chambre des Députés et la Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois (CFL) et Luxtram.

Ronn honnert Kanner aus den Zyklen 3 a 4 aus verschiddene Gemengen aus dem Land fuere mam Zuch an d'Stad a ginn dann an d'Chamber. Mathëllef vu Kartrongsfiguren an Liewensgréisst, déi si an der Schoul gebastelt hunn, deele si hir Iddien a Wënsch mat den Deputéierten.

Fir méi gewuer ze ginn: https://zpb.lu/train-de-la-democratie/

Kampf géint sexuelle Mëssbrauch a Gewalt

Fir géint sexuelle Mëssbrauch a Gewalt ze kämpfen, informéiert de Ministère dech, gradewéi d'Ëffentlechkeet an déi Professionell, iwwer d'Geforen am Internet, wéi z. B. Grooming (mat Gespréicher um Ronnen Dësch, engem Studiendag asw.).

Noriichte fir Kanner

Op Däitsch:

Op Franséisch:

Op Englesch:

Du verléiss dës Websäit

Du bass dobäi eng aner Websäit opzemaachen. Déi gehéiert net zu StaarkRechter.Lu. Alles an der Rei fir dech?