Du hues d'Recht gratis an d'Schoul ze goen
Du hues d'Recht op Ënnerstëtzung, fir deng Schoul, deng Formatioun oder deng Léier ze packen. D'Schoul muss deng Rechter respektéieren an däerf ni Gewalt uwenden.
Wat heescht dat?
Lëtzebuerg wëll dir déi bescht Viraussetzunge bidden, fir datt s du deng Fäegkeeten optimal entwéckele kanns. Et ginn eng Rei vun Hëllefen, op déi s du zeréckgräife kanns, wann s du Hëllef brauchs.
Sou sinn zum Beispill d'Schoul an d'Schoulbicher gratis fir jiddwereen.
Firwat vu 4 bis 18 Joer an d'Schoul goen?
An d'Schoul ze goen ass zu Lëtzebuerg vu 4 bis 18 Joer obligatoresch, fir datt s du deng Talenter entdecken an dech entwéckele kanns, an am Endeffekt an der Lag bass, e Beruff erauszesichen, deen et dir erlaabt, sou gutt wéi nëmme méiglech ze liewen.
Wat mécht Lëtzebuerg?
Fir jiddwerengem déi selwecht Chancen ze ginn, huet Lëtzebuerg déi follgend Saachen agefouert:
- Gratis Schoulbicher
- Vun 2026 un, d'Schoulflicht bis zum Alter vun 18 Joer
- D'Entwécklung vun den Europaschoulen
- D'Scolarisatioun op Däitsch an op Franséisch
- Accueilsklasse fir Jonker, déi nei op Lëtzebuerg kommen
- Verstäerkt Ënnerstëtzung fir Jonker mat spezifesche Besoinen
- D'Ariichtung vun engem Mediatiounsservice an der Schoul
D'Schoul hëlleft dir:
- Deng Rechter ze verstoen
- D'Rechter a Kulture vun aneren ze respektéieren
- A Fridden ze liewen an d'Ëmwelt ze schützen