Aller au contenu principal
5

Ech hunn d'Recht, gesond ze sinn a mech wuel ze fillen!

Du hues d'Recht gutt gefleegt ze ginn

Du hues d'Recht, proppert Waasser ze drénken a gesond Iessen ze kréien.

  • gesond bleift
  • a Sécherheet bleift
  • seng physesch a mental Gesondheet oppasst

!

Wuelsinn, dat bedeit, e gutt Gläichgewiicht tëscht menger physescher a mentaler Gesondheet ze fannen

Dofir seet een dacks: „e gesonde Geescht an engem gesonde Kierper“.

Wat heescht dat?

Wann s du krank gëss, sinn deng Elteren dofir verantwortlech, dech ze fleegen an dech bei en Dokter oder an d'Spidol ze bréngen. Deng Eltere musse sech souwuel ëm deng kierperlech wéi och ëm deng geeschteg Gesondheet këmmeren. Du hues deemno d'Recht, gutt gefleegt ze ginn, fir am beschtméigleche gesondheetlechen Zoustand ze sinn.

!

Gesondheet, dat ass méi ewéi just bei den Dokter ze goen

Gesond iessen, proppert Waasser drénken a sech beweegen ass wichteg, fir gutt a Form ze bleiwen. Dofir ass et och wichteg, datt ee gesond an ongesond Iessen ënnerscheede kann a weess, firwat reegelméisseg Beweegung esou gutt ass. Wann een informéiert ass, kann een och selwer gutt op seng Gesondheet oppassen!

Wat heescht dat, gutt zu Lëtzebuerg gefleegt ze ginn ze ginn?

Mir hunn zu Lëtzebuerg déi grouss Chance, datt eise Gesondheetssystem gutt fonctionéiert. All Kand ka sech vu senger Gebuert un (a souguer scho wärend der Schwangerschaft) gratis behandele loossen, well déi medezinesch Käschten iwwerholl ginn. Et ass garantéiert, datt d'Drénkwaasser propper ass an et gëtt alles dru gesat, datt d'Iesse gesond ass. An de Bildungs- a Betreiungsstrukturen (Maison-relaisen) gi gesond Molzechte gratis ugebueden. Vill Informatiounen iwwer d'Virdeeler vun enger gesonder Ernärung a vu Beweegung fënns du um Site Gesond liewen – méi bewegenHei kanns du dech och iwwer de Sportsdag an denger Schoul informéieren.

Am Lycée ënnerstëtzt de S-Team mécht alles, fir Gewalt ze vermeiden an deng physesch a mental Gesondheet an der Schoul ze schützen

Wann s du méi doriwwer wësse wëlls, kanns du si kontaktéieren, fir gewuer ze ginn, wéi s du däi Recht op Schutz duerchsetze kanns.

Du verléiss dës Websäit

Du bass dobäi eng aner Websäit opzemaachen. Déi gehéiert net zu StaarkRechter.Lu. Alles an der Rei fir dech?