Du hues d'Recht, deng Meenung ze äusseren
Déi Erwuesse mussen dir nolauschteren an deng Meenungen eescht huelen, soubal s du an der Lag bass, d'Situatioun genuch ze verstoen, fir eng iwwerluechte Meenung ze äusseren.
Du hues d'Recht, dech ze informéieren
Du hues d'Recht, Erklärungen ze kréien, déi fir dech kloer a verständlech sinn.
Du hues d'Recht, eppes ze deelen
Du hues d'Recht, alles dat, wat s du léiers, denks a fills mat aneren ze deelen, andeems du schwätz, mools, schreifs, oder op all aner Manéier, déi dir gefält, soulaang dat kengem anere schuet.
Du hues d'Recht, ze denken
Du hues d'Recht, aner Meenungen oder aner Relioune wéi deng Frënn ze hunn, soulaang s du deenen aneren nolauschters an dech och fir hir Iddien interesséiers. Et ass wichteg ze léieren, wéi ee seng Gedanke matdeele kann, ouni déi aner ze blesséieren.
Du hues d'Recht, dech zesummenzeschléissen
Als Resident hues du d'Recht, dech mat Jonker (oder Erwuessener) roueg an ouni Gewalt zesummenzeschléissen, soulaang dir kee blesséiert a keen haasst oder ausschléisst.
wat seet
d'Gesetz?
?
Wat heescht dat?
Du kriss all Dag gesot, wat s du ze maachen hues: Geméis iessen, deng Aufgabe maachen, den Ecran zoumaachen asw. Heiansdo ass dat penibel! Mee déi Erwuesse leeë Reegele fest, well si d'Verantwortung droen, dat ze maachen, wat gutt fir dech ass. Du hues d'Recht, gewuer ze ginn, wéi eng Grënn hannert dëse Reegele stiechen, a wéi en Zil se hunn. Déi Erwuesse mussen dir nolauschteren an deng Meenung a Betruecht zéien. Du kanns zum Beispill matschwätzen, wann et drëm geet, e Sport oder Aktivitéiten no der Schoul fir dech auszewielen. An der Schoul gradewéi am Lycée hues du d'Recht, dech un den Entscheedungen, déi dech betreffen, ze bedeelegen.
Déi Erwuessen treffen d'Entscheedungen, mee deng Meenung muss gehéiert ginn
! Wann d'Reegele vun deenen Erwuessenen net getraff ginn, fir deng Gesondheet ze schützen oder net an dengem Interessi sinn, da kontaktéier den OKaJu
Fir dech bedeelegen an deng Meenung äusseren ze kënnen, muss du gutt informéiert sinn
D'Informatiounen, déi op der Tëlee, am Radio, an den Zeitungen oder um Internet gedeelt ginn, gi vun Erwuessene fir Erwuessener gemaach. Fir driwwer informéiert ze sinn, wat an der Welt lass ass, ginn et https://www.1jour1actu.com/actus
https://www.arte.tv/fr/videos/RC-014082/arte-journal-junior/Tëleeskanäl Zeitungen an Internetsitte fir Kanner. Si erklären alles wat komplizéiert ass op eng verständlech Manéier.
Wéi kann ech mech informéieren a bedeelegen, a mer Gehéier verschafen?
Eng Zäitschrëft mam Numm Piwitsch gëtt deelweis vun anere Kanner geschriwwen. Hei fënns du och eng Serie iwwer deng Rechter. Weider Neiegkeete fënns du op Sitte wéi: 1jour1actu an arte-journal-junior.
Wann s du Informatiounen um Internet sichs, dann trainéier, d'fake newsze erkenne! Hei kanns du méi gewuer ginn.
! opgepasst Fake News : vill Informatiounen am Internet si falsch
An der Schoul kanns du däi Schoulmeeschter oder deng Joffer froen, wéi s du dech an der Klass, an der Schoul oder an denger Gemeng bedeelege kanns. A ville Schoule gëtt et e Grupp, dee „Klasserot“ oder Kooperatiounsrot genannt gëtt, an deen dir erlaabt, deng Meenung iwwer de Fonctionnement vun denger Klass ze äusseren. Heiansdo ginn et Kannerparlamenter oder esouguer Kannergemengeréit. Wann dat net de Fall ass, kanns du dat virschloen. Hei ass e Beispill vum Kannergemengerot vu Bartreng:
D'Maison-relaise loossen dech um Liewe vun der Gemeinschaft deelhuelen. Du kanns mat denger Maison relais och bei enger Kannerkonferenz avec ta maison relais pour être écouté par tout le pays. Le Den Zuch vun der Demokratie gëtt dir d'Méiglechkeet, mat Deputéierten iwwer deng Dreem, Wënsch an Iddien ze schwätzen.