Gewalt kann iwwerall virkommen
Wann e Kand mësshandelt oder mëssbraucht gëtt, kennt d'Kand an der Reegel den Täter a fillt sech schlecht, well et dëser Persoun vertraut hat. Et ass deemno ganz wichteg ze wëssen, datt Gewalt ni dierf akzeptéiert ginn an datt ee mat engem anere soll driwwer schwätzen, fir aus der Situatioun erauszekommen.
Wat sinn déi verschidde Formen vu Gewalt ?
- Physesch Gewalt: en anere schloen oder physesch verletzen
- Mental Gewalt: en anere mobben, vernennen oder ausschléissen, sief et am Face à face oder am Internet
- Sexuell Gewalt: de Kierper um intimen (oder sexuellen) Niveau géint de Wëlle vun enger Persoun upaken oder heemelen
- Vernoléissegung oder Verloossen: d'Kand eleng loossen a sech net ëm et këmmeren
! De Staat muss dech viru Gewalt schützen
De Staat muss dech virun all Form vu schlechter Behandlung oder Gewalt schützen, dozou zielt och, wann d'Leit, déi op dech oppassen, sech net ëm dech këmmeren oder dir net genuch Opmierksamkeet schenken.
Wat heescht dat?
Du frees dech, ob s du Affer vu Gewalt bass? Du hues d'Gefill, datt eppes net an der Rei ass an du weess net, wéi s du domat ëmgoe solls? Du gëss an der Schoul oder onlinegemobbt? Dat ass net ok!
Wéi kanns du der hëllefe loossen?
Du kanns mat engem, deem s du vertraus, driwwer schwätzen, zum Beispill mat denger Famill, engem Proff oder engem Coach, oder Hëllef fannen, andeems du hei klicks: hei.