Du hues d'Recht, ze liewen an dech z'entfalen
Du hues d'Recht, ënnert angeneeme Bedéngungen (um physeschen, mentalen, moraleschen a soziale Plang) opzewuessen. Dofir verantwortlech sinn deng Elteren oder déi Persounen, déi sech ëm dech këmmeren. Si mussen dir e gutt Ëmfeld bidden, an deem s du opwuesse kanns. De Staat ënnerstëtzt si, wa si Hëllef brauchen. Awer natierlech muss du selwer och op däin Ëmfeld an op deng Gesondheet oppassen.
Du hues d'Recht op e proppert a séchert Ëmfeld
Du hues d'Recht, dech gesond an a Sécherheet z'entwéckelen. Däi Liewe sollt ni a Gefor geroden; weeder duerch Ëmweltverschmotzung nach duerch de Klimawandel.
Wat heescht dat?
Fir gesond liewen ze kënnen, brauchs du eng Wunneng, eng gesond Ernärung, propper Loft fir ze ootmen, proppert Waasser fir ze drénken an Uebst a Geméis, déi op gesonde Biedem wuessen. Et ass deemno wichteg, d'Ëmwelt ze schützen, fir datt s du gesond bleifs.
Wéi kanns du dozou bäidroen, d'Ëmwelt ze schützen?
Du kanns:
- Däin Offall sënneren, recycléieren a kompostéieren
- vermeiden, Produiten ze benotzen, déi nëmmen eemol gebraucht ginn, z.B. Plastiksfläschen
- Waasser vum Krunn drénken
- Verschwendung vermeiden
- Mam ëffentlechen Transport oder mam Vëlo fueren
- Lokal a saisonal iessen
- Offall an de Bëscher oprafen
- Dech an enger Ëmweltschutzbeweegung engagéieren
Wat mécht Lëtzebuerg? fir dir ze hëllefen?
Lëtzebuerg hëlleft de Famillen an ënnerstëtzt déijéineg, déi Hëllef brauchen, fir dofir ze suergen, datt kee Jugendlechen an der Aarmut, ouni gëeegent Wunneng oder an ongesonde Situatiounen opwuesse muss oder sech vum soziale Liewen ausgeschloss fillt.
Fir d'Ëmwelt ze schützen …
D'Vereenten Natiounen hunn e Plang mat 17 Ziler ausgeschafft, déi bis 2030 vun allen 193 Memberlänner, dorënner och Lëtzebuerg, erreecht musse ginn. Lëtzebuerg huet en nationale Plang fir nohalteg Entwécklung opgestallt, fir dës Ziler ëmzesetzen.
Och du kanns d'Ëmwelt schützen: