Du hues d'Recht vun dengen Elteren ëmginn ze sinn …
oder vu Persoune vun dengem Vertrauen, op déi s du ziele kanns an déi sech ëm dech këmmeren! Du kanns net vun dengen Eltere getrennt ginn, et sief dann du bass a Gefor oder deng Eltere këmmere sech net genuch ëm dech. An deem Fall entscheet e Geriicht, wou s du an Zukunft liewe wäerts. Bei all Entscheedung muss deng Meenung an dat, wat fir dech am beschten ass, berücksichtegt ginn, fir sécherzestellen, datt s du gutt betreit gëss.
A wann s du adoptéiert bass?
Du hues d'Recht, Zougang zu den Informatiounen ze kréien, déi deng Identitéit betreffen.
?
Wat heescht dat?
Wann deng Eltere sech net ëm dech këmmere kënnen, kann e Riichter decidéieren, dech an engem Heem oder an enger Fleegefamill ënnerzebréngen, fir dir ze hëllefen an dech z'ënnerstëtzen. An dëser Situatioun hues du d'Recht, mat dengen Elteren a Kontakt ze bleiwen.
Deng Rechter, wann s du net méi an denger Famill liefs?
Wann decidéiert gouf, datt s du net an denger Famill liewe kanns:
- behäls du d'Recht, geschützt ze ginn a gehollef ze kréien;
- hues du d'Recht, deng Meenung ze äusseren, wann Entscheedungen iwwer däi Liewen am Heem oder an enger Fleegefamill getraff ginn, vun deem Moment un, wou s du an der Lag bass, d'Situatioun genuch ze verstoen, fir eng iwwerluechte Meenung ze äusseren;
- hues du d'Recht, deng Famill reegelméisseg ze gesinn, ausser wann dat net gutt fir dech ass.
D'Regierung wëll déi jonk Leit an hirer Famill loossen
Fir datt s du esou laang ewéi méiglech an denger Famill bleiwe kanns, wëll d'Regierung d'Ënnerstëtzung fir d'Eltere verstäerken. All Entscheedung, déi getraff gëtt, berücksichtegt seng Meenung a baséiert dorobber, wat fir dech am beschten ass.