Aller au contenu principal
9

Ech hunn d'Recht, dobäi ze sinn an ënnerstëtzt ze ginn, wann ech eng Behënnerung hunn!

Wann s du vun enger Behënnerung betraff bass, ass d'Regierung dofir verantwortlech, all d'Hindernisser aus dem Wee ze schafen, déi dech drun hënneren, aktiv um Liewe vun der Gemeinschaft deelzehuelen.

Du hues d'Recht, Hëllef ze kréien, wann s du spezifesch Besoinen hues, zum Beispill wann s du séibehënnert bass oder wann s du Schwieregkeete beim Léieren hues. D'Unterrechtsmanéier kann ugepasst ginn, fir dir d'Léieren an der Schoul méi einfach ze maachen. Och deng Eltere kënne finanziell a materiell Hëllefe kréien.

Lëtzebuerg ënnerhëlt alles wat méiglech ass, fir datt all d'Kanner un den Aktivitéiten, déi deene Jonken ugebuede ginn, souwäit dat méiglech ass, deelhuele kënnen. Sou kënnen zum Beispill Rampen, spezialiséiert Transporter a spezialiséiert Educateuren organiséiert ginn, fir datt s du an allen Domäner matmaache kanns: Schoul, Sport, Musek asw.

Dat neit Gesetz vum 13. Juni 2023 iwwer d'Wuelbefanne vun de Schüler an d'inklusiv Educatioun féiert Follgendes an:

  • En Assistent fir Schüler mat spezifesche Besoinen an all Grondschoul (A-EBS)
  • En nationale Service fir inklusiv Educatioun (Service national de l’éducation inclusive - SNEI) 

Doriwwer eraus stäerkt d'Gesetz d'Participatioun vun de Kanner, andeems et Situatioune virgesäit, an deenen d'Kand an déi Entscheedungen, déi et selwer betreffen, mat agebonne gi muss. 

D'Regierung wëll all déi Jonk an de Klasse mat abezéien

Ob mat oder ouni spezifesch Besoinen, den Zougang zu de Coursen an der Schoul, an der Musek an am Sport gouf vereinfacht, zum Beispill duerch d'Visualiséierung vun den Exercicen oder d'Upassung vun der Dauer vun de Coursen. D'Begleedung an de Schoultransporter gouf verstäerkt, an d'Educateure si besser forméiert.

Ech sinn tëscht 6 an 12 Joer al:

Fir Hëllef unzefroen, kanns du dech wenden un:

  • Den Enseignanten an der Schoul;
  • De spezialiséierten Enseignant fir Schüler mat spezifesche Besoinen (Instituteur spécialisé dans l’aide aux élèves à besoins éducatifs spécifiques - I-EBS) an der Schoul;
  • d'Ekipp fir d'Ënnerstëtzung vu Schüler mat spezifesche Besoinen (Equipe de soutien des élèves à besoins éducatifs spécifiques - ESEB) vun der Regioun;
  • D'Inklusiounskommissioun (Commission d’inclusion - CI) vun der Regioun;
  • D'Grondschouldirektioun vun der Regioun.

Du verléiss dës Websäit

Du bass dobäi eng aner Websäit opzemaachen. Déi gehéiert net zu StaarkRechter.Lu. Alles an der Rei fir dech?