Aller au contenu principal
10

Ech hunn d'Recht, am Fall vu Krich oder enger Katastroph beschützt ze ginn!

Zum Beispill e Krich, eng Naturkatastroph oder eng Pandemie. Dat bedeit, datt de Staat alles ënnerhuele muss, fir deng Rechter ze schützen, fir deng Bildung ze suergen, den Zougang zu der Schoul ze garantéieren an dir ze hëllefen, ze verhënneren, datt s du entfouert, ausgebeut (och sexuell) oder gefaange gehalen, als Sklav verkaf oder forcéiert gëss, eng illegal Aarbecht ze maachen. Lëtzebuerg hëlleft dir, deng Würd erëmzekréien, wann s du verletzt, mësshandelt oder vernoléissegt goufs.

Wann s du op Lëtzebuerg kënns, well s du aus dengem Land hues misse flüchten, muss du geschützt ginn a gehollef kréien. D'Land muss sech ëm dech këmmere wéi ëm all déi aner Kanner, déi hei liewen. Wann s du eleng ukënns, muss Lëtzebuerg dir hëllefen, deng Famill ze fannen an eng Persoun oder eng Organisatioun ze ernennen, déi dech begleet an dir hëlleft, Entscheedungen ze treffen.

Du kanns dech enger Persoun uvertrauen, där s du vertraus oder d'Police um 113 uruffen! Fir Hëllef ze kréien, kanns du och eng vun dësen Associatiounen heikontaktéieren. Jee no denger Situatioun fënns du hei Experten, déi sech fir deng Rechter asetzen.

Wéi viru Kuerzem an der Ukrain, huet Lëtzebuerg sech engagéiert, Kanner, déi flüchte mussen, bei sech opzehuelen, hinnen e sécheren Ënnerdaach zur Verfügung ze stellen, an alles ze maachen, wat méiglech ass, fir ze verhënneren, datt si vun iergendengem ausgebeut oder zu illegaler Aarbecht gezwonge ginn. Mënschenhandel ass iwwerall op der Welt verbueden, natierlech och zu Lëtzebuerg. D'Affer gi vu verschiddene Servicer ënnerstëtzt an et gi reegelméisseg Broschüre verdeelt, déi d'Affer iwwer hir Rechter opklären.

Lëtzebuerg bitt alle jonke Mënschen eng Chance andeems et:

  • D'Diere vun der Schoul fir jiddereen opmécht
  • Se an déi passend Studiegäng orientéiert
  • EService fir Integratioun a Betreiung ander Schoul
  • Ugemoosse Wunnenge bereetstellt fir Jonker, déi eleng ukommen an ënner 18 Joer al sinn
  • D'Zuel vun den internationale Klassen an d'Luucht setzt
  • En distribuant des Broschüren a VidéoenErklärung vum Asylverfahren fir onbegleete Kanner zu Lëtzebuerg: FMPO – Mineurs non accompagnés (MNA) Miniila iwwer d'Hëllefen an de Schutz vu Mannerjärege verdeelt

Du verléiss dës Websäit

Du bass dobäi eng aner Websäit opzemaachen. Déi gehéiert net zu StaarkRechter.Lu. Alles an der Rei fir dech?